
1. Album Newsletter
Viru ronn 2 Wochen hunn ech mech also getraut: no 31 Joer am Finanzwiesen a Presentatrice vun der Finanzwoch op der Tëlee, war et un der Zäit, e neit Kapitel a mengem Beruffsliewen opzeschloen.
Zanter der offizieller Ouverture, de 27. Jul also genee op „Nathalie’s Dag“ ass villes geschitt an et si scho vill flott Artikelen erakomm: Burberry, Louboutin, Marc Jacobs, Michael Kors, Philipp Plein, Bogner, Sara Paccini …
Vill Leit kommen elo scho reegelméisseg iessen, e Kaffii drénken, e Buch liesen an d’Ambiance bei relaxer Musik genéissen. Och krute mir e Veggie-Bowl op ons Menüskaart, deen de Wënsch vun de Veganer gerecht gëtt.
Dir sidd zu vill, déi Äre WOW! mat Äre Frënn a Bekannten deelen a si bei ons schécken! Dofir soe mir villmools Merci – esou gitt Dir dësem Häerzensprojet säi Fundament.
Kommt kucken, et kënnt all Dag Neies derbäi a wann Dir näischt fannt, kënnt Dir Iech mat engem Bio-Gesiichtsmask, enger Creme, enger parfüméierter Käerz oder engem flotte Bijou eng Freed maachen.
Schéckt dëse Newsletter weider un all déi Leit, déi Loscht hunn op e Concept Store, deen Dir esou an der Form éischter aus Stied wéi Antwerpen oder aus de skandinavesche Länner kennt.
Dir hutt dat elo zu Diddeleng a fir all Net-Diddelenger, e gudde Grond, fir dës lieweg Stad aus dem Süden ze besichen.
Nathalie







Hei kënnt Dir onse Newsletter abonnéieren:

