1 Joer. E Bilan.

De 27. Juli 2022, also virun 1 Joer huet d’Boutique ALBUM Think Twice zu Diddeleng seng Dieren opgemaach.

An onsem Universum, an deem näischt dem Zoufall iwwerlooss gouf, spillt Ästhetik genee sou eng grouss Roll, wéi Ecoresponsabilitéit vun onsem Sortiment, onse Bichereck sou wéi gesond Iessen an Drénken a virun allem d’Ambiance, an der et sech schaffen, poteren an entspane léisst.

Firwat Paräis, wann een och op Diddeleng ka kommen?

ALBUM ass eng Boutique, déi Louis Vuitton, Hermès, Chanel, Gucci, Prada, Louboutin, Barbara Bui, Céline, Jean-Paul Gaultier, Longchamps a vill aner grouss Nimm op Diddeleng bruecht huet.

Si representéiere ronn 70-80% vun onsem Sortiment – mol méi, mol manner. Completéiert gëtt dës Gamm mat Artikele fir de méi klenge Portmonni. Nimm wéi Cos, Cop Copine, Caroline Biss oder La Fee Maraboutée, fir der e puer ze nennen, hänken, ouni ze stéieren, nieft de groussen Nimm a weise sech mat all hiren Avantagen, esou dass fir jiddereen eppes derbäi ass. Bei ons brauch keen ze fäerten, eran ze kommen.

Fangerspëtzegefill

De Succès vun ALBUM berout – dat kréie mir all Dag confirméiert – dorop dass et lëfteg, iwwersichtlech a propper ass, esou dass ee kaum bemierkt, dass et sech ëm e Second-Hand Buttek handelt.

Dat heescht, dass mir d’Quantitéit am Grëff halen an éischter op Qualitéit a déi sou genanne grouss Marke setzen. An dass d’Offer komplementar zu onse Confrèren ass, woufir mir seele Saachen unhuelen, déi si och hunn oder haten. Ons streng Selektioun an onsen onermiddlechen Asaz, aktiv mat onser Reserve ze schaffen, wou mir tëschenduerg och emol Saache verstoppen, ass a bleift onse groussen Atout, genee sou wéi onse Courage Neen ze soen, esouguer wann deen Neen virun e puer Wochen nach e Jo war. Engersäits evoluéiert d’Demande un déi mir ons permanent upassen. Anerersäits erhale mir esou d’Balance an déi gewënschte Proportiounen an der Boutique, esou dass et zet ze voll gëtt dobannen.

Dësen Equiliber ass deemno wäertvoll: esou wuel fir Äert Shopping Erliefnis wéi och onst Iwwerliewen.

Lokal a regional Synergien

Mir setzen duerch an duerch op lokal, regional, artisanal Kooperatiounen.

Ons Kooperatiounen:

Mam Traiteur Niessen suerge mir fir gutt, gesond, méiglechst lokal a saisonaalt Iessen a mam Chocolate House de klenge gourmanzeschen Extra. Onse Bestseller: ons Gimber Carafe mécht besonnesch elo am Summer Freed. Am Wanter verwinne mir Iech mat enger gelongener Kombinatioun aus Panda Téi mat oder ouni Gimber-shot, engem gudde Kaffi oder waarme Schocki.

Eng eenzeg Terrasse, zesumme mam Noper Café Gymnase.

Onsen Défilé, zesumme mam Coiffeur Atelier Coupe et Couleur, Parfumerie April, Optique Clement&Grassini an deemnächst mat Optique Quaring.

Onse Kaffi, dee mir zanter kuerzem bei engem lokale Kaffis-Expert kafen.

Eng lokal Cola, Limonade

Bobone, Kierperfleeg Produiten hei vir aus den Ardennen, déi komplett op chemesch Zousätz verzicht. Oder, wéi si et soen: “sans chichi et sans tralala”. Ons Langka Käerzen op der Basis vu natierlechen Betanddeeler a mat Recharge, och aus den Ardennen.

Fält Iech eppes op?

Mir sinn ausseruerdentlech houfreg, keng eng grouss Capitalisatioun an onsem Sortiment ze hunn an ons kloer vun den domadder verbonnene Konsequenzen ze distanzéieren: sozialer, ökologescher an ekonomescher (Präisdrock) Natur. Mir fërdere konsequent kleng a kreativ Betriber, déi sech engagéiert hunn, den aktuelle Mëssstänn, virop dem Iwwerkonsum mat all senge Konsequenzen, d’Stier ze bidden.

Déi grouss Stäerkt vun ALBUM läit deemno a sengem Engagement, fir lokal a regional Synergien ze schafen an ze stäerken an d’Lëscht vu Kooperatiounen gëtt all Dag méi laang.

Congé

Däers hate mer bis elo nach net vill. Zanter 1 Joer si mir praktesch ouni Ënnerbriechung do, hu vill geléiert, ausprobéiert, eliminéiert, ersat a verbessert. Mir hunn permanent um Buttek an der Ambiance geschafft. Wa Leit ons soen, dass se ons “positiv Energie” spieren wa se erakommen …. méi e schéint Kompliment kann een ons net maachen. Elo ass et esouwäit: vum 7. bis den 21. August vergonne mir ons eng Paus vun zwou Wochen a freeën ons dono op d’Organisatioun vun onsen nächsten Evenementer, déi nei Kollektiounen an ons vill aner Iddien. Nach eng Woch Vollgas an dono … ons wuelverdéngte Paus an der Hängematt, der Plage, am Gaart, am Bësch, am Bongert …

Villmools Merci, dass Dir dëst spannend Joer mat ons gaange sidd an de Succès vun ALBUM mat erméiglecht hutt.

Nathalie, Djamila

P.S.: Vergiesst net, wéi wichteg hautdesdaags eng Bewäertung op Google ass. Et ass déi am meescht gekuckte Rezensioun. Hei fannt Dir en Accès op all ons Säiten, sou wéi en direkten Zougang op ons Google-Rezensioun Säit. Vläicht fannt Dir jo e kuerze Moment, fir ons mat Ärer Rezensioun ze hëllefen:

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *