Wëllkomm op der Säit vum Club “Sympathie”.

Dëse Club ass aus der Iddi entstanen, dass et eng speziell Kategorie vu Mënsche gëtt, deene mir fir hir wäertvoll Hëllef extra Merci soen. Mat hirem aussergewéinlechen Engagement gi si ons eng Chance, onsen Dram vun engem neie Kontext op der Grondlag vun gemeinsame Valeuren ze realiséieren.

Ons Memberen:

  • hunn onse Konzept vun der Ekonomie Circulaire integral iwwerholl a sinn esouwuel Deposant wéi och Client;
  • droen zum Developpement vun der Gamme bäi, déi mir wëllen ubidden;
  • besichen ons reegelméisseg a schwätze vill vun ons: de Bouche-à-oreille an de Référencement si wichteg fir d’Iwwerliewen an d’Weiderentwécklung vun all Commerce;
  • deelen ons Posten op Facebook an op Instagram droen zur noutwänneger Visibilitéit bäi;
  • kennen an appreciéieren den Ënnerscheed tëschent dem Präis an dem Wäert a valoriséieren deemno de ganzen Zyklus: vun der Produktioun an der Logistik vum Produit, vum 1. Besëtzer deen en entdeckt a gefleegt huet huet bis hin zu onsem onermiddlechen Asaz an der Boutique zu Diddeleng;
  • si léif, frëndlech, solidaresch, oppen, onkomplizéiert, kommunikativ a si hunn ons Plaz wou ee kann iessen, poteren, shoppen oder sech ka mat enger gudder Lektür bei relaxer Musek kann entspanen fir sech adoptéiert.

D’ALBUM-Membren gi no dëse Kritäre vun ons selektionnéiert, individuell ugeschwat/ugeschriwwen a kréien eng personaliséiert Memberskaart an extra Avantagen, déi entspriechend markéiert sinn.

Nathalie, Ema-Djamila

PS: D’Memberskaart ass individuell, also net transmissibel a valabel fir 1 Joer, wouno se da no deselwechte Prinzippien verlängert gëtt.