ALBUM – Feel like a model

#Secondhandisavantgarde

Maacht aus Ärem Essayage eng Fotosession: loost Iech an enger Tenue fotograféieren an der Dir Iech besonnesch gutt gefaalt. Weist der Welt, dass Dir en Trendsetter sidd, dee säi Sënn fir Qualitéit, Originalitéit, Ästhetik a responsablem Konsum bei ons esou richteg ausliewe kann.

Bad Hair Day? Net maquilléiert? Egal!

Dat, wat Iech deen Dag un Iech net gefält kann duerch eng App, mat der mir schaffen, geännert ginn, esou dass dat, wat Dir schéin un Iech fannt, besonnesch ervirgestrach gëtt. Dir kënnt esouguer testen, ob eng aner Hoerfaarw oder Coupe Iech gutt géing zu Gesiicht stoen. Dir kënnt awer och komplett inkognito bleiwen wann Dir dat léiwer hutt.

Kuckt selwer:


Alles ass méiglech, schwätzt mat ons. Alles wat Dir dofir braucht, ass eng Portioun Humor, Loscht schéi Kleeder unzemoossen a gutt Laun, de Rescht geet vum selwen. E Relooking RDV kann och mat der Fotosession kombinéiert ginn.

Post Är Foto mat Ärer neier Tenue mam Hashtag #secondhandisavantgarde op Instagram/Facebook a gewannt beim Kaf vun der Tenue e flotte Kaddo, e Relooking oder eng Remise vun 10% op Ärem Akaf.

Hei e puer Fotoe vu Leit, déi scho matgemaach hunn:


Loscht, matzemaachen? Séchert Iech Äre Rendezvous:

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *