
Frësche Wand fir 2023
Zanter 6 Méint ass Ären ALBUM- Think Twice Concept Store elo zu Diddeleng a mir kënnen elo scho vun engem Succès schwätzen :
- iwwer 100 Deposanten hunn den ALBUM mat Liewen gefëllt;
- vill Leit komme reegelméisseg eran iessen, Kaffi oder Téi drénken, virwëtzen, liesen, sech mat Frënn treffen, poteren, entspaanen … genee sou wéi mir ons dat virgestallt haten;
- mir hu flott Kontakter a Kooperatiounen zu Diddeleng an och ausserhalb geknäppt, fir den ALBUM ëmmer méi interessant fir Iech ze maachen;
- mir hunn en Album-Club fir ons treiste Membere gegrënnt;
- mir haten onsen 1. Defilé;
- elo schaffe mir un engem ALBUM-Fotoshooting, enger Lecture mam Denise Urbany, engem Vernissage mam Nadine Konsbruck, natierlech onsem nächsten Defilé mam Alain, engem “Relooking”-Service an engem flotten neien Trend fir de Summer, wou Album d’Exklusivitéit krut …
Ons gëlle Reegel
Fir dass et am Buttek propper an iwwersiichtlech bleift, huele mir net méi Saachen un, wéi mir Bigelen hunn an mir fuddelen och net, andeems mir Bigelen derbäi kafen.

An de leschte 6 Méint hu mir onsen Deposanten hir Saachen ëmmer erëm proposéiert, nei kombinéiert, deplacéiert an en Valeur gesat an vill dovunner verkaaft. Duerch déi Aarbecht wësse mir elo, wat zu Diddeleng gesicht gëtt a wat manner gutt leeft.
D’Solde lafen op Volltouren. Do kritt dat eent oder anert Stéck nach seng zweet Chance. Parallel dozou, spéitstens Enn Januar, filtere mir déi Artikelen eraus, wou trotz Remisen keng Demande besteet. Mir bieden deemno ons Deposanten vun der éischter Stonn, hir Saachen, déi net verkaaft goufen, no a no sichen ze kommen. A fir moude- a konsumbewosst Leit ass et nach Zäit, fir vun deene Remisen ze profitéieren ee déi Saachen, op déi Dir eventuell en A geworf hat, definitiv fort sinn.
Jiddereen, deen tëschent Juli an Oktober Saache bei ons ofginn huet, ka sech bei ons mellen a mir preparéieren déi Saachen, vun deene mir ons mussen trennen. An de nächsten Deeg kréie ons Deposanten vun ons e Mail, esoubal hir Tut fäerdeg ass. Falls Dir en Deposant sidd an Är Saachen éischter wëllt siche kommen, da sot ons virdrun wannechgelift Bescheed, fir dass mir dat uerdentlech kënnen organiséieren a preparéieren.
Philip Plein, Essentiel Antwerp, Gucci, Twinset, Kenzo, Burberry, Privatsachen, Rundholz, Maje, Givenchy, Imperial, Red Valentino an endlech e puer flott Häresaache vu Boss, Drykorn …
Dat si just e puer Nimm vu de Marken, déi mir era kruten a fir déi mir am Moment déi nei Plaz schafen.
Sidd Dir Client, Deposant, Member vum Club oder Kooperationspartner?
Zéckt wann ech gelift net, ons Äre Feedback ze ginn, deen ons hëlleft, ons esou ze verbesseren, dass Dir e Maximum vun ALBUM hutt. Fir d’Matmaachen offréiere mir eng Relooking Séance vu max. enger Stonn.
Mir freeën ons op Äre Besuch an ons nächst Aventure mat Iech
Nathalie an Djamila

