Moien!

Endlech ass et esou wäit!

An de nächste Woche mécht zu Diddeleng, 31 avenue Grande Duchesse Charlotte de Concept-Store ALBUM seng Dieren op.

Et gëtt eng Mëschung aus “Second-Hand”, e Wuert, wat mir vun elo un duerch dat méi schéint Wuert “Pre-loved” ersetzen an en Treffpunkt fir déi Leit, déi wëlle gemitterlech eppes iessen, drénken, liesen, poteren, entspanen a sech op Wäerter wëlle verloossen, déi d’Liewen esou richteg liewenswäert maachen. Ewech vum alldeeglechen Stress, Hektik a Leeschtungsdrock, hin zu Simplicitéit, Transparenz an e soziaalt Mateneen. Bei ons ass näischt komplizéiert!

Als Member vun ALBUM gitt Dir gratis iwwert ons Evenementer, Iddien an Initiativen informéiert a villes méi.

Schreift Iech an onse Newsletter an, fir dass Dir näischt verpasst.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *