
Mir ginn dem Chaos keng Chance (méi).
“From chaos to calm: How scheduling ahead can save your day (and ours)!”
ALBUM Think Twice ass vill méi, wéi just e Buttek. Et ass e gutt duerchduechten, authentesche Kontext op der Basis vu fundamentale mënschleche Valeuren: Bienveillance, Hëllefsbereetschaft a Solidaritéit.
Mir hunn en Environnement geschaf, an deem Dir Iech sollt wuel fillen. Echt Wuelbefannen bei onse Gäscht ass virun allem da méiglech, wa mir domadder bei ons selwer ufänken. Mir kënne just déi positiv Energie vermëttelen, déi mir selwer an ons droen. D’Decisioun, all Form vu Negativitéit, Drock a Jugement dobaussen ze loossen, dréit schon hir Friichten. ALBUM gëtt ëmmer méi zu deem, wat mir ons fir Iech (a fir ons selwer) gewënscht hunn: eng Networking Plaz fir léif Leit, déi bei ons kommen fir eng Auszäit: poteren, lliesen, Kaffi/Téi drénken, iessen, entspaanen, laachen, spillen, shoppen …
Natierlech passéiere bei ons och Mëssgeschécker
Wier jo komesch wann et net esou wier. Se passéiere meeschtens op der Grondlag vun zwee Facteuren: Drock (vu bannen oder vu baussen) a Chaos an – als Konsequenz dovunner – eng suboptimal Kommunikatioun. Mëssgeschécker sinn eigentlech eppes Positives: se bidden d’Potential, fir draus ze léieren. Doraus hu mir déi folgend Regelen fir Album definéiert:
- Mir maachen ëmmer onst Bescht a verlaange vu kengem Perfektioun, och net vun ons selwer;
- Mir passen openeen op a wann emol eppes schif leeft, da begéine mir der Situatioun mat Respekt, Éierlechkeet, Transparenz, Versteesdemech a Bienveillance;
- Mir loossen all Form vu Jugement an eesäiteger Kritik a Negativitéit virun der Dier. Am Géigenzuch ass eng kontrovers Diskussioun wëllkomm, d’Welt ass schliisslech net schwaarz a net wäiss. An der Mëtt läit dacks eng komfortabel (rosa, net gro!) Zon, an der all Mënsch eens gëtt.
Dës Prinzipie gëlle fir all Mënsch dee sech am Raum ophällt a natierlech fänke mir bei ons selwer un.
Chaostheorie
Mir schaffe gären a mir schaffe vill: awer mir ginn dem Chaos keng Chance (méi). Chaos entsteet virun allem, wa mir ons eege Regelen net respektéieren. Ee Beispill dofir ass dat, dass mir am Prinzip just mat RDV schaffen an dës Méiglechkeet ass och ganz einfach op onsem Site ze fannen.

An de leschte Woche ware mir ze dacks flexibel well mir et net iwwert d’Häerz bruecht hunn, een heemzeschécken, wann e spontan mat senge Saache bei ons opgetaucht ass. Domadder hale mir elo op. Mir fixéieren e RDV, fir dass déi Artikelen kënnen uerdentlech analyéiert, d’Präisser recherchéiert, etikettéiert an da valoriséiert ginn. Dat ass mat enorm vill Aaarbecht verbonnen. Heiansdo ass een dobäi esou konzentréiert, dass ee vläicht emol ee Client iwwersäit. Dat wëlle mir awer net. Et ginn Deeg zu Diddeleng, do ass manner lass an et ginn Deeg, déi kënne mir op kee Fall mat Etikettéieren, Recherche an Analyse verbréngen. Op onsem Site fannt Dir d’Plaz, wou Dir kënnt e RDV ausmaachen, en Fonctioun vun der Realitéit.
Et ass e schéint Gefill, ze wëssen dass een erwaart gëtt an dann och alles wéi erwaart klappt. Mir wëllen Iech dat Gefill net virenthalen.
Dat gëllt natierlech och fir d’Retouren. Op der Surface, déi ons zur Verfügung steet fir Är Saache schéin ze presentéieren (an och emol hannen an der Reserve ze loossen wa mir dat richteg fannen), brauche mir Zäit an e rouege Kapp, fir Är Saachen zesummenzesichen. Kommt Är Saache wann ech gelift just da siche, wa mir Iech per Mail informéiert hunn, dass se fäerdech sinn oder maacht e RDV, fir dass mir se an engem rouege Moment kënne fir Iech zesummestellen.
Ausserdeem wësse mir ëmmer besser, wat zu Diddeleng eng Chance huet, verkaaft ze ginn a wat net. En plus ass dat eppes, wat evoluéiert. ALBUM ass eng Boutique, an der et ëmmer schéin, propper, geraumt an authentesch soll ausgesinn. Mir evitéieren idealerweis Doublonen mat den anere Boutiquen zu Diddeleng, fir onnéideg Konkurrenz ze evitéieren a konzentréieren ons op bestëmmte Marken a Stiler. Fir Ausname ginn et gutt Grënn déi mir gutt kennen; Vertraut onsem Jugement.
Mir soen Iech vu ganzem Häerze Merci fir Äert Versteesdemech.
Nathalie & Djamila
Conditions générales dépôts:
Depot
Um eine maximale Vielfalt im Laden zu erreichen, ist die Anzahl der Artikel, die für ein Eintrittsdatum zugelassen sind, auf 10 Artikel beschränkt. ALBUM präsentiert die Artikel, um den Verkauf zu fördern, da es sich jedoch um einen Verkauf zwischen zwei Privatpersonen handelt, kann ALBUM im Falle einer Nichtübereinstimmung nicht haftbar gemacht werden. Die in Aufbewahrung genommenen Artikel sind sauber, unbeschädigt und gepflegt. ALBUM repariert oder reinigt die Artikel nicht und nimmt grundsätzlich keine Schuhe an. Die Artikel werden ALBUM für einen Zeitraum anvertraut, der sich in der Regel auf mindestens drei und höchstens sechs Monate nach der Abgabe im Geschäft erstreckt. Um den Verkauf zu fördern, behält sich ALBUM das Recht vor, den Verkaufspreis um +/-20 % des festgelegten Betrags anzupassen und den Artikel sowohl im Geschäft, als auch im Lager zu drehen. Für größere Preisanpassungen nimmt ALBUM Kontakt mit dem Deponenten auf. Der finale Verkaufspreis wird stets im Verhältnis 50:50 aufgeteilt. Die Bezahlung der verkauften Artikel erfolgt entweder per Gutschein bei Album oder per Banküberweisung, spätestens am Ende der Deponierung.
Rückgabe
Der Deponent wird per E-Mail über die Vorbereitung seiner Rückgabe informiert. Um einen möglichst angenehmen Ablauf zu gewährleisten, erfolgt eine vorzeitige Rückgabe nur auf der Grundlage einer Terminvereinbarung. Jede Einzahlung bei ALBUM Think-Twice führt zur Annahme dieser Allgemeinen Geschäftsbedingungen. Bitte lesen Sie auch unsere Geschäftsbedingungen auf unserer Website: https://www.album-shop.lu/fr/pas-de-chance-au-chaos/

