
Moien!
No iwwer 30 Joer als Beroderin am Finanzsecteur, wou ech och vill Joren als Presentatrice vun der Finanzwoch op der lëtzebuergescher Tëlee aktiv war, ass et héich Zäit fir mech ginn, e neit Kapitel a mengem Beruffsliewen opzeschloen.
E gewësse Faibel fir Moud an Ästhetik an e staarke Besoin no Nohaltegkeet an e gesond Liewen am Aklang mat der Natur – wéi ass dat kompatibel?
Fir mech: andeems een deelt, verschenkt an dréine léisst. Alles wat mir brauchen ass nämlech do – et ass heiansdo just op der falscher Plaz.
Häerzlech wëllkomm a menger Versioun vun der “neier Welt”, op déi mir ons am Moment zoubeweegen.
“Wann ee mat deem schafft, wat do ass, da feelt et och ni un eppes!”