News-Blog

Op dëser Säit gesitt Dir ons lescht Bäitreeg, wou mir iwwert ons nei Produiten, Designeren an Initiativen informéieren.

  • Moien!

    Moien!

    Endlech ass et esou wäit! An de nächste Woche mécht zu Diddeleng, 31 avenue Grande Duchesse Charlotte de Concept-Store ALBUM seng Dieren op. Et gëtt eng Mëschung aus “Second-Hand”, e Wuert, wat mir vun elo un duerch dat méi schéint Wuert “Pre-loved” ersetzen an en Treffpunkt fir déi Leit, déi wëlle gemitterlech eppes iessen, drénken, liesen, poteren, entspanen a sech op Wäerter wëlle verloossen, déi d’Liewen esou richteg liewenswäert maachen. Ewech vum alldeeglechen Stress, Hektik a Leeschtungsdrock, hin zu Simplicitéit, Transparenz an e soziaalt Mateneen. Bei ons ass näischt komplizéiert! Als Member vun ALBUM gitt Dir gratis iwwert ons Evenementer, Iddien an Initiativen informéiert a villes méi. Schreift Iech an onse Newsletter an, fir dass Dir näischt verpasst.


  • ALBUM presentéiert:

    ALBUM presentéiert:

    Charlotte Kroon. Dës jonk an dynamesch studéiert Designerin huet trotz hirem nach ganz jonkem Alter schonn en impressionanten an héichwäertege Parcours opweises an zu London, Florenz, Paräis, Stockholm a Kopenhagen geschafft a gewunnt. Si huet direkt no hirem Studium net nëmmen hir eege Mark “Kroon” entwéckelt mee och fir renomméiert Haiser wéi Acne Studios oder Nynne geschafft. Elo huet d’Charlotte eng nei Bijous-Kollektioun an ass domadder déi éischt Designerin, déi de “Newcomer Square” fir sech reservéiert huet.


  • Ouverture Album Dudelange

    Ouverture Album Dudelange

    Geschwënn ass et esou wäit: Enn Juli mécht de Buttek ALBUM zu Diddeleng, 31 Avenue Grande Duchesse Charlotte seng Dieren op! Dir hutt Freed un héichwäertege Saachen an un der Ofwiesslung? Bréngt se laanscht a maacht als Déposant deenen eng Freed domadder, déi dës Freed un de schéine Saache mat Iech deelen an dobäi en anere Budget kënnen oder wëllen asetzen. De Buttek ass elo scho gutt gefëllt a waart elo och nach op Ären Input: Wat sicht Dir?Wat hutt Dir ze vill? Bei ons maacht Dir Iech Ären Album selwer