
[RE]Belle Fashion Show – den ALBUM
De Samschden, 15. Oktober um 16 Auer war di éischt Editioun vun onser [RE]Belle Fashion Show.
Hei e puer Fotoe vun engem Event wou Nohaltegkeet, Luxus, Moud, gutt Laun, Solidaritéit an eng positiv Energie celebréiert goufen.
E grousse Merci geet un d’Gemeng Diddeleng déi de Projet ALBUM tatkräfteg ënnerstëtzt a spontan de Fotograf Roberto Santoprete organiséiert huet, d’Djamila, d’Maquilleusen vun April, d’Ludivine an den Alain vun Atelier Coupe et Couleur an un den Traiteur Niessen, déi all zum Geléngen vun desem flotte Moment bäigedroen hunn.
Merci, Angélique, Cynthia, Lucy, Tatiana, Thalia, Victoire. Dir sidd eng Inspiratiounsquell fir vill Fraen.
Mir freeën ons op déi nächst Editiounen vun der [RE]Belle Fashion Show am Album Concept Store.






















































