Modus operandi

Pre-loved Fashion & Design

ALBUM ass eng Boutique, wou ons Deposanten kënnen hier héichwäerteg Designerartikelen ofginn fir se eng zweet Kéier ze valoriséieren a gläichzäiteg doheem Plaz ze schafen. Ons Clienten kënne sech esou iwwert qualitativ Artikelen zu engem abordable Präis freeën. Esou kënne mir all dozou bäidroen, den Iwwerkonsum vu Saachen déi dacks aus mam Schëff oder mam Fliiger vun der anerer Säit vun der Welt heihinner bruecht ginn, ze reduzéieren an trotzdem stilvoll ënnerwee ze sinn.

Fir dass jiddereen eppes dovunner huet, musse mir ons u gewësse Spillreegelen halen:

  • Mir acceptéiren héichwäerteg Kleeder, Bijouen an Accessoiren.
  • D’Artikele sinn an engem guddem Zoustand: WOW = Nei, GOOD = ganz gudden Zoustand, OK = gudden Zoustand.
  • Se si propper, gestreckt an et si keng Reparaturen drun ze maachen.
  • Bei Artikelen vun deenen am heefegste gefälschte Marken wéi z. B. Hermès, Gucci, Louis-Vuitton, Chanel … musse mir méi streng kucken a vu Leit, déi mir nach net kennen, eng Rechnung oder en Authentizitéits-Zertifikat froen.
  • Mir maache just Depot-Vente. D’Marge hängt dovunner of, ob Dir de Produit vun der Vente direkt wëllt iwwerwisen oder ob Dir e Bon d’Achat bei Album wëllt kréien.
  • All Deposant kritt eng perséinlech Nummer, déi op der Récksäit vun der Etikett vermierkt gëtt. En Deposant, dee bei ons en Artikel ofgëtt, hannerléisst ons seng Kontaktdaten (Adress, Email, Telefonsnummer) an eng Kontosnummer wou mir de Produit vun der Vente kënnen iwwerweisen.

Hei kënnt Dir de Formulaire fir en Depot bei ons eroflueden an ausfëlllen: Formulaire.


Simulatioun:


WOW (neien Artikel) Good (ganz gudden Zoustand) OK (gudden Zoustand)
70% 60% 50%

Undeel fir den Déposant:

Bon d’achat 60%
WOW!
Good!
OK!
Virement 50%
WOW!
Good!
OK!

Allgemeng Geschäftsbedinungen

Depot

Fir e Maximum un Ofwiesslung am Buttek ze erreechen, ass d’Unzuel vun den Artikelen pro Depot-Datum op 10 Artikele limitéiert. ALBUM presentéiert d’Artikelen fir de Verkaf ze erméiglechen. Well et sech awer ëm e Verkaf tëschent zwou Privatpersounen handelt, kann ALBUM am Fall vun enger Diskrepanz net haftbar gemaach ginn. D’Artikelen déi mir an d’Boutique eran huele si propper, intakt a gefleegt. ALBUM fléckt d’Artikele net, botzt se net an akzeptéiert am Prinzip och keng Schong. D’Artikele gin ALBUM an der Reegel fir en Zäitraum vun 3 Méint an e Maximum vu 6 Méint uvertraut. Fir d’Vente ze favoriséieren behält ALBUM sech d’Recht vir, de Verkafspräis ëm +/-20% ze reduzéieren an den Artikel am Geschäft an och an der Reserve dréinen ze loossen. Fir méi grouss Präisvariatiounen kontaktéiert ALBUM den Deposant. Den definitive Verkafspräis, no eventuelle Remisen, gëtt 50:50 tëschent dem Deposant an ALBUM opgedeelt. Dem Deposant säin Undeel gëtt spéitstens um Enn vum Depot iwwerwisen.

Retour

Den Deposant gëtt per E-Mail iwwert d’Preparatioun vu sengem Retour informéiert. Fir dass en antizipéierte Retour esou agreabel wéi méiglech verleeft, gëtt de Deposant gebieden, e RDV auszemaachen, esou dass mir dat an aller Rou a propper kënne preparéieren.

All Depot bei ALBUM Think-Twice féiert zur automatescher Akzeptanz vun dësen allgemenge Geschäftsbedingungen. Liest wannechgelift och onsen Artikel iwwert onse „Modus Vivendi“ am Buttik: https://www.album-shop.lu/fr/pas-de-chance-au-chaos/

Food, Chill, Books

Bicher

An onser Boutique fannt Dir iwwerall verdeelt Bicher mat Substanz, wou den Inhalt also iwwert en einfachen Ënnerhalungswäert erausgeet an zum Nodenken ureege soll. Se leien do, fir sur place kënne gelies ze ginn. Wann Dir se doheem wëllt fäerdech liesen, kënnt Dir déi Bicher mam Stempel “ALBUM” och fir eng kuerz Zäit léinen. A wann Dir se wëllt halen, da kënnt Dir se selbstverständlech och kafen.

Food

Ons Platen sinn entweder selwer preparéiert oder komme vu Fournisseuren, déi Wäert op Nohaltegkeet, Bio, Lokal a Saisonal Kritäre leeën a sech méiglechst un all dës Kritären halen.

Chill

Iwwerall an der Boutique verdeelt, fannt Dir Inselen, wou Dir Iech mat engem Snack an Gedrénks kënnt entspanen, e Buch liesen, mat Frënn poteren oder schaffen. Frot an der Receptioun nom Wifi Code, falls Dir dee braucht.