Liesung mam Denise Urbany a Vernissage mam Nadine Konsbrück
Lesung & Vernissage 31 avenue G.D. Charlotte, Dudelange, LuxembourgDen 1. Mäerz organiséiere mir mat grousser Freed ons éischt Liesung mam Denise Urbany. Dësen Event ass gläichzäiteg d'Geleenheet, d'Autorin vum Buch sou wéi d'Nadine Konsbrück perséinlech kennen ze léieren. Madamm Konsbrück ass d'Artistin, déi de sympatesche Buchcover gemoolt huet an déI nach gnaz vill aner Biller opweises huet. D'Expositioun fänkt de 7. Februar unn.
ALBUM – (RE)Belle Fashion Show
Den 22. Abrëll 2023 ass de RDV fir ons zweet Editioun vun der ALBUM Fashion Show. Ons Mannequinen weisen Iech, wéi flott, originell, héichwäerteg an ecoresponsabel d'Moud vun haut ka sinn. Dës Kéier hoffe mir op gutt Wieder, sou dass de rouden Teppech bis op d'Strooss erausgeet; et ass en DJ derbäi, e Fotograf a villes méi. Mir schaffen och dës Kéier mat onsem Coiffeur, dem Alain an dem Ludivine vum Salon Atelier Coupe et Couleur, mir froen och erëm April fir de Maquillage ze assuréieren an den Optiker Clement & Grassini weist de Frënn vun de Brëller seng nei Kollektioun. Freet Iech op en Event, fir dat mir ons esou munches wäerten afale loossen. Hei kënnt Dir Iech fir dësen oder ee vun onsen aneren Evenementer aschreiwen:
Vernissage Nathalie Pott
Vernissage Nathalie Pott
ALBUM – (RE)Belle Fashion Show
Maacht Iech prett, et ass erëm esou wäit! Ons nächst saisonal Fashionshow steet un: den 11. November weisen ons Mannequinen, dass schéin, héichwäerteg an originell Moud och ecoresponsabel ka sinn. Dat ass e Moment, deen Dir net sollt verpassen – ganz am Trend vun onser Zäit mat, um Enn, enger Agape an e schéinen Ofschloss, wou Dir d'Méiglechkeet kritt, ons Mannequinen a Partnere kennenzeléieren. Mat der wäertvoller Zesummenaarbecht mam Alain an Ludivine aus dem Salon Coupe et Couleur an dem Createur Eric Maurice. #secondhandisavantgarde #(re)belle-fashionshow
ALBUM & Papillons Ouverture du magasin collectif
ALBUM Concept Store 31 avenue G.D. Charlotte, Dudelange, LuxembourgNotre havre de paix s'élargit ! Découvrez ALBUM & Papillons, un endroit incontournable basé sur la créativité, le courage et la bienveillance pour vous offrir une sélection de services inattendus. L'ouverture officielle de notre boutique collective est prévue pour le samedi 2 mars. Tout au long de la journée, venez nous rendre visite, partager un verre avec nous et rencontrer les quatre femmes qui ont choisi de miser sur la solidarité, le courage et la créativité pour façonner un lieu exceptionnel. L'inauguration de ce concept novateur est prévue pour le 8 mars à partir de 17h30.