fbpx

Pre-loved Fashion & Design

#Secondhandisavantgarde

ALBUM Think Twice ass déi incontournabel Adress zu Lëtzebuerg, wou Dir dem aktuellen Trend vum Second-Hand kënnt nogoen. Bréngt Är héichwäerteg Kleeder/Accessoiren, schaaft Plaz, maacht eppes fir d’Ëmwelt a genéisst e gudde Kaffi/Téi an enger agreabeler Atmosphär an der Zäit wou mir ons ëm Ären Depot këmmeren.

Spillregelen

Rendez-vous

En Depot bei ALBUM Think Twice soll eng agreabel Experienz sinn. E Kaffi, e Kichelchen, e Laachen, schéi Musek, gutt Laun ... alles gëtt erméiglecht doduerch, dass mir ausschliisslech mat Rendez-vous schaffen. Dat gëllt och fir d'Retouren.

Conditions Générales

ALBUM Think Tiwce, als e Second Hand Buttek, selektionéiert, presentéiert an dréint Artikelen, déi ons vun onsen Deposanten uvertraut gin, an der Boutique fir se méiglechst gutt ze verkafen.

Fir onse Clienten eng méiglechst agreabel Shopping Experienz ze bidden a fir onsen Deposanten hir Verkaafsméiglechkeeten ze maximéieren, behale mir ons d’Recht vir, och ons Reserve ze benotzen, déi net direkt fir de Verkaf an der Boutique zougänglech ass.
Äert Vertrauen an dës Approche ass essentiell. 

Mir engagéieren ons, Är Artikelen esou ze presentéieren, dass se beschtméiglech kënne verkaaft ginn; dozou gehéiert och, dass se tëschenduerch aus dem Sortiment erausgeholl ginn (Meteo, Diversificatioun, Solden, E-shop…)

Well et sech ëm en Handelt tëschent Privatpersounen handelt, kann ALBUM net fir Net-Konformitéit responsabel gemaacht ginn. Mir huele nëmmen Artikelen unn, déi propper, gestreckt an intakt sinn. 

Generell botzt a fléckt ALBUM keng Artikelen an akzeptéiert normalerweis keng Schong.

Mir zielen op Äert Versteesdemech, dass Artikelen, déi verkaaft sinn an d'Boutique ALBUM verlooss hunn, weder échangéiert, nach rembourséiert ginn.

Depot

Fir dass Äre Besuch bei ons esou agreabel wéi méiglech ass, schaffe mir fir Depoten exklusiv mat Rendez-Vous.

 

Fir eng maximal Diversitéit an der Boutique ze garantéieren, ass d’Unzuel vun den Artikele pro Depot op 10 limitéiert. D’Artikele ginn ALBUM fir eng Period vun dräi Méint an der Boutique ugeholl a presentéiert. Dësen Datum gëtt um Formulaire vum Depot agedroen. 

Präispolitik

Ons Simulatioun hei ënnen drënner déngt als eng generell Orientéierung awer net als Garantie fir d’Fixéieren vun de Präisser an der Boutique.

 

Fir de Veraf ze fërderen, behale mir ons d’Recht vir, ons der Realitéit vum Maart unzepassen an den initiale Verkaafspräis ze reduzéieren, respektiv an de Solden oder an onsem E-shop unzebidden. Falls Dir als Deposant e Mindestpäris fir Är Artikelen fixéieren, da gitt dat wann ech gelift um Formulaire un.

D’Verdeelung vum Verkaafspräis ass: 50% fir den Deposant a 50% fir ALBUM am Fall vun engem Virement a 60% fir den Deposant a 40% fir Album am Fall vun engem Akafsbong. 

Artikelen déi iwwert 700 EUR verkaaft ginn, ass d’Opdeelung ëmmer 60% fir den Deposant a 40% fir Album a bei Verkafspräisser iwwer 2500 EUR sinn et 70%-30%.

D’Bezuele vun de verkaaften Artikelen erfollegt entweder a Form vun engem Akafsbong (direkt) am Album oder duerch eng Iwwerweisung um Enn vum Depot, dee Moment wou Dir Är net verkaaften Artikele siche kommt.

Enn vum Depot

En Dépot bei Album Think Twice dauert dräi Méint. Den Datum vum Enn vum Depot gëtt op der Fiche de Depot notéiert. Zousätzlech ginn ons Deposanten per E-Mail iwwert d’Enn vum Depot informéiert. Wa mir bannent 3 Méint keng Reaktioun op onse Message kréien, gi mir dovunner aus, dass den Deposant domadder averstanen ass, dass déi net verkaaften Artikelen bradéiert, respektiv un eng karitativ Ariichtung gespent oder als Kaddo un bedierfteg Persoune ginn.

Fir de Retour esou agreabel ze gestalten wéi et nëmme geet, muss dee preparéiert ginn. Dofir schaffe mir och fir d’Retouren ausschliisslech mat Rendez-Vous.

Präissimulation als Orientéierung fir Artikelen bis 700 EUR


WOW (neien Artikel) Good (ganz gudden Zoustand) OK (gudden Zoustand)
60% 50% 40%
Bon d'achat 60%
WOW!
Good!
OK!
Virement 50%
WOW!
Good!
OK!