fbpx

Inauguratioun ALBUM & Papillons

De leschte Samschde souzen hei um groussen Dësch zwee kleng Jongen am Alter vu 5 Joer e ganzen Nomëtte zesummen an hu Matenee gespillt a gemoolt. Dee ee war dem Katia säi Jong, e klenge Lëtzebuerger an den anere war mäin Enkel aus Éisträich, den Theo. E Kand an en Enkel, zwou Nationalitéiten, zwou Sproochen, deselwechten Alter. Fir mech war dësen Ubléck déi perfekt Allegorie fir d’Harmonie an d’Connexioun, zwou Valeuren, déi ons vill bedeiten. Si sinn d’Basis vun dësem innovative Projet.

Virun enger Woch hu mir also e neit Kapitel opgeschloen, dat vum Kollektiv ALBUM & Papillons. Mir sinn hellwech begeeschtert iwwert déi positiv Resonanz.

D’Aventure ALBUM & Papillons huet – wat mir deemools natierlech net wossten – eigentlech virun 2 Joer ugefaangen. Et war e sonnegen Dag, am Laf vun enger Journée Commerciale zu Diddeleng, eng Stad déi hir Awunner gäre mam Refrain vum Lidd “on dirait le Sud” verbannen. Den éischte Merci vun haut geet deemno un de Nino Ferrer.

Deen Dag – e puer Deeg virun der Ouverture vun der Boutique Album – sinn ech hei duerch d’Niddeschgaass getrëppelt an do ass mir eng Pärel an d’A gestach: Les coffres à Papillons. Eng aussergewéinlech gefleegt an ästhetesch Vitrinn – mat vill Léift, Finess a Poesi decoréiert – erfrëschend anescht wéi de Standard – huet mech wéi e Magnéit ugezunn. Obwuel meng Bébéen Simba, Nelly a Bruno 4 Patten a vill Pelz an eigentlech méi an engem Buttik wéi Cofficook géinge fannen, hat ech dat Gefill, ech misst do onbedéngt eragoen.

Ons éischt Renconter war esou agreabel, dass se sech am Laf vun der Zäit zu enger ëmmer méi grousser Komplizitéit entwéckelt huet, déi schlussendlech zu dësem Projet gefouert huet: en Häerzensprojet mam ganz klore Gedanken, d’Welt vum Commerce ze inspiréieren an ze revolutionéieren fir sech am Kader vum strukturelle Wandel, dee mir grad erliewen, als eng wäertvoll Position prenante ze positionéieren.

ALBUM & Papillons ass en innovative Projet, deen op zwou stabille Sailen steet: eis Ënnerscheeder an ons Gemeinsamkeeten.

Ons Ënnerscheeder maachen ons Komplementaritéit. Ons verschidden Offeren bidden e fantastescht Synergie Potential. Eis verschidde Parcouren sinn eng formidaabel Geleeënheet, fir vuneneen ze léieren. Ons ënnerschiddlech Approchen sinn eng excellent Méiglechkeet fir de Geescht an den Horizont ze erweideren.

Dat eent ass staark mat de Biller, dat anert huet eng grouss Passioun fir d’Wierder. Dat eent ass frou mat schwaarz, deem anere kann et ni faarweg genuch sinn.

D’Lëscht vun onse Kontraster ass laang, a villverspriechend.

Den zweete Pilier vum Fundament vun ALBUM & Papillons sinn ons Gemeinsamkeeten: Courage, Passioun, Kreativitéit, Respekt, Responsabilitéit an ons kloer Visioun vum Commerce vun der Zukunft.

Mir hunn exakt déi selwecht Visioun am bekannten Handelskräiz an déi selwecht primär, cultivéiert, Zilgrupp. Ons jeeweileg Selectioun baséiert op der Ekonomie vun der Qualitéit a net op der Ekonomie vum niddrege Präis. Well fir de kuerzfristeg niddrege Präis, dee mir fir schlecht Qualitéit bezuelen, ass laangfristeg dee méi héijen. An dobäi geet et net nëmmen ëm Suen. Mir sinn dovunner iwwerzeegt, datt jiddereen sech de sougenanne Luxus ka leeschten, well e fir Qualitéit, ethesch a sozial Verantwortung steet. Eis Ambitioun ass et deemno, d‘Leit op hirem Wee zur Qualitéit a Succès ze begleeden.

ALBUM & Papillons ass ausserdeem eng Plaz, wou nawell vill gelaacht gëtt. Onst Rezept? Eng positiv Astellung an alle Situatioun, eis Egoën zréck stellen an d’Emotiounen rationaliséieren … Mir invitéieren och all Mënsch, weider vill iwwert ons ze schwätzen. Et ass och total egal, ob gutt oder schlecht . Well esou laang iwwer eis geschwat gëtt, si mir do. An et zitt och weider déi richteg Clientèle heihinner an déi brauche mir all.

Virun e puer Deeg huet e Zitat vun Madame de Staël, eng bekannt Schrëftstellerin, mech interpelléiert: “Genie ass, wann Iddien an hirer Ëmsetzung op de gesonde Mënscheverstand treffen.

An mir brauchen all dringend nei Ideeën – a virun allem gesonde Mënscheverstand! An och Iddien fallen net einfach vum Himmel. Well esouguer d‘Kreativitéit ass de Resultat vun enger laanger, disziplinéierter Aarbecht.

Op der Basis vu menger laangjäreger Experienz déi ech aus dem Finanzsecteur matbréngen, weess ech, dass mir scho méi wéi e puer Joer an engem groussen Ëmbruch sinn: dee vun der drëtter an déi véiert industriell Revolutioun. D‘Perturbatiounen déi sech doraus erginn stellen ons virun e kritesche Choix: wëlle mir bleiwe, wéi mir sinn, an der Hoffnung, dass alles erëm esou gëtt wéi fréier … a ginn ënner … oder brénge mir et fäerdech, ons nei ze erfannen? Well eng Saach ass kloer: et gëtt näischt méi esou wéi et eemol war.

Mëcht dat mir Angscht? Neen! Am Géigendeel, wann et eppes gëtt, dat ech gär hunn, da sinn et nei Erausfuerderungen.

Als Economist mat engem usprochsvollen an ofwiesslungsräichen Parcours behalen ech déi global ekonomesch, ekologesch, digital a politesch Tendenzen weider am A … an déi concernéieren och Diddeleng. Haut setzen ech virun allem meng Kompetenzen a Saache Kommunikatioun a kommerziell Strategien am Alldag an, hunn awer decidéiert, se um Terrain anzesetzen, net nëmme fir mech.

Als Mënsch gleewen ech fest un eis mënschlech Qualititéiten, déi der artificieller Intelligenz feelt, virop eis Kapacitéit, Léift an eng echt Solidaritéit ze liewen. Fir mech bedeit Solidaritéit, do ze sinn wann den anere sech alleng fillt, deen anere ze verstoen an em ze hëllefen, amplaz en ze jugéieren, ons Kraaft unzebidden wa se gebraucht gëtt, am natierleche Vertrauen, dass mir op genee déi Solidaritéit kënnen zréck gräifen, wa mir se mol selwer brauchen.

Mir vun ALBUM & Papillons, also Nathalie, Christianne, Djamila an säit enger Woch also och d‘ Katia, hunn decidéiert dës Solidaritéit, sou wéi ons Komplementaritéit, ons Valeuren an ons … Feminitéit auszeliewen.

Ëmmerhin fällt ons Inauguratioun haut op de Weltfraendag. Merci Dan, dass Du ons den 8. Mäerz proposéiert hues, wells de déi lescht Woch jo am Ausland waars. War et esou geplangt, oder ass et Karma?

Mir celebréieren awer elo, haut an hei bei Album & Papillons, net ons Gläichberechtegung oder Gläichheet, déi an onser Kultur jo awer scho ganz gutt etabléiert ass. Haut feiere mir onse KONTRAST an all déi typesch weiblech Qualitéiten, déi esou engem innovanten an offesiichtlech zimmlech weibleche Projet wéi dësem dat noutwännegt Liewen anhauchen. Denke mir deemno ëmmer un ons eegen, typesch feminin Qualitéiten a wéi mir se kënnen an den Asaz bréngen. Well wann der zwee tselwecht sinn, dann ass ee vun hinnen iwwerflësseg.

Mir soen Iech Merci, dass Dir haut komm sidd, fir dëse Moment mat ons ze feieren. E grousse Merci geet un d’Gemeng Diddeleng dofir dass si keng Méi scheit, fir innovative Geschäftsleit déi Lokaler zu Diddeleng ze fannen, déi sse fir hire Projet brauchen.

Merci un all ons Partner, wéi beispillsweis d’Coiffeursalonen Atelier Coupe et Couleur an Eric Maurice, déi ons bei onsen Defiléen a onse professionellem Relooking Programm hëllefen, Merci SQuisito, fir den exzellente Catering.

E ganz grousse Merci geet un ons Familljen a Frënn, déi ons ënnerstëtzen, besonnesch an de schwéiere Momenter an Merci un all ons léif Noperen, esou wéi de Ben vun hei niewendrun, dee reegelméisseg era kucke kënnt ob alles an der Rei hei ass, well ëmmerhinn si mir jo Dammen, a keng Feministinen an enger Ritterrüstung.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *