fbpx

Shopping & relaxing … Huelt Iech Zäit, de Parking ass inclus

“Ech muss elo fort, mäin Ticket leeft of.”

Wéi dacks, mengt Dir, hu mir dee Saz schonn héieren? Wat e Stress!

Domadder ass et elo endlech eriwwer. Fir all déi Clienten déi de Luxus hunn, ons ze Fouss, mam Vëlo oder mam ëffentlechen Transport ze erreechen offréiere mir ab elo bei all Akaf, Iessen, Depot, Fotoshooting, Relooking … de Parking derbäi.

Wéi geet et?

Ganz einfach: Dir parkt am zentral geleenen Parkhaus “Am Duerf” am Zentrum vun Diddeleng, nëmmen e Kazesprong vun der Boutique Album ewech. Zu der éischter hallwer Stonn déi souwisou gratis assgi mir Iech jee nodeems wéi vill Zäit Dir mat ons verbruechht hutt een oder méi “Prépayé – Ticket” vu jeeweils enger hallwer Stonn derbäi. Einfach esou! Esou kënnt Dir bei ons ganz relax entspanen, stöberen, Zäit mat Äre Frënn oder mat engem gudde Buch verbréngen.

Mir passen op, dass de Moment am ALBUM fir Iech esou relax ass wéi nëmme méiglech.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *